Dacks maachen eis eege Gedanken eis midd. De ganzen Zäit iwwerleeën a jugéieren ass erschöpfend. D'Meditatioun huet als But de Kapp ze berouegen an zwar esou, datt nëmmen nach wéineg Gedanken optauchen.
Et ass bewisen, datt reegelméissegt Meditéieren de Mënsch berouegt, Stress reduzéiert an awer och kann hëllefen e bësse méi geloossen duerch d’Liewen ze goen.
Mee wat geschitt eigentlech beim Meditéieren a wéi geet dat genee? Dës an aner Froe beäntwert den Ernärungsberoder Sven Majerus.