Bewosst Gesond
D'Bekämpfung vun den Antibiotique-Resistenzen zesumme mat der ALVA
13 min
Och d’ALVA, déi Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung, bedeelegt sech un der Iwwerwaachung an der Bekämpfung vun den Antibiotique-Resistenzen. Si ass och en aktive Partner zesumme mat der Direction de la Santé fir den nationalen Antibiotiquëplang ëmzesetzen.
D'Initiativ vum europäeschen Antibiotiquendag (18. November) huet als Zil eng Sensibiliséierung vum Grousse Public, vun all de Professionellen an der Human- a Veterinärmedizin a vun all den Déierebesëtzer iwwer d'Risiken, déi mat der onpassender Notzung vun Antibiotiquë verbonne sinn a wat zu der Erhéijung vun der Antibiotiquë-Resistenz bäidréit.
D'ALVA ass haaptsächlech aktiv an der Iwwerwaachung vum Konsum vun Antibiotiquë bei den Déierendokteren, vun der Presenz vu Réckstänn vun Antibiotiquen an de Liewens- a Fuddermëttelen an och vu resistente Bakteerien an de Liewensmëttelen a bei de liewegen Déieren.
D’ALVA ass och engagéiert an der Sensibilisatioun a Formatioun vun de Baueren, den Déierendokteren an den Déierebesëtzer.
Explikatioune mat der Dr. Caroline Merten, Directrice-adjointe vun der ALVA Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire
Presentéiert vum
- Angie Maquil