Mikroplastik gëtt haut a ville Liewensmëttel nogewisen – vu Fësch a Salz bis bei eist Drénkwaasser. Och wa bis elo keng definitiv Gesondheetsrisike beim Mënsch nogewise goufen, gëtt intensiv zu de méiglechen Auswierkunge gefuerscht. Nieft de Plastikpartikele selwer stinn och hormonaktiv Substanzen am Fokus.
Eng Studie weist, datt Plastiksgeschier fir ze kachen pro Joer mat bis zu Dausenden Mikroplastikpartikelen an eisem selwer gemaachenten Iessen bäidroe kann. Aalt Plastik Geschir fir ze kachen ass besonnesch problematesch, well et däitlech méi Artikelen fräisetzt wéi neit Geschir.
D'Stéphanie Rosquin, Ernärungsberoderin, beliicht déi aktuell wëssenschaftlech Erkenntnisser a weist mat konkreete Beispiller, wéi een am Alldag seng Belaaschtung duerch Mikroplastik reduzéiere kann – vun der Kichen bis bei d'Akafsgewunnechten.