Bewosst Gesond
Ernärung, Daarmflora a Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?
14 min
Wärend Ballaststoffer, Prä- a Probiotika eng gesond Daarmflora fërderen, schueden zocker- a fetträich Liewensmëttel der Mikrobiota a begënschtege chronesch Krankheeten.
Praktesch Tipps weisen, wéi bewosst Ernärung e gesonde Mikrobiom opbaue kann, deen net nëmmen den Immunsystem stäerkt, mee och déi allgemeng Gesondheet verbessert.
Den Daarmmikrobiom huet e groussen Afloss op eis Gesondheet. En ass e richtegen Ökosystem mat dem mir an enger Symbios liewen.
Wann de Mikrobiom am Gläichgewiicht ass, produzéiert en honnertee vu Moleküllen, vun deene verschiddener fir eis Gesondheet ganz intressant sinn. Dat ass zum Beispill Vitaminn B oder Fettsaieren déi aus der Fermentatioun vu Ballaststoffer stamen, mee och Serotonin, de sougenannte Gléckshormon. Den Daarm huet also och en Afloss op eist Gehier.
Mat der Ernärungsberoderin Alexandra Schmit maache mer de Point iwwer Daarmflora, Mikrobiom, an hir Versuergung.