Mat Menopause verbannen déi meescht: keng Reegel méi hunn an ënner Vapeure leiden a veruerten dat Ganzt zäitlech am Alter vu 50 plus. Déi sougenannt Perimenopause kann awer schonn Enn 30 ufänken an d’Liewensqualitéit vun de Betraffene massiv aschränken. Dacks gëtt dann Depressioun oder Burnout diagnostizéiert, obwuel d’Ursaach vun de Symptomer gutt traitéierbar Hormonschwankunge sinn. Fir besser zum Sujet opzeklären organiséiert de CID | Fraen an Gender zesumme mat LëtzMenopause d’Konferenz “Et leeft net méi“, de 4. Juli 2026 um 10 Auer am CID.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
CID | Fraen an Gender
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté