Mir Mënschen hunn alleguer an iergendenger Form Emotiounen. Wéi mir déi Emotioune wouerhuelen a virun allem, wéi mir domadder ëmginn, ass ganz individuell. Wärend déi eng Mënsche kee Problem domat hunn ze kräischen, fält dat deenen aneren immens schwéier. Deen ee ka Roserei immens gutt zouloossen, wärend deen aner se ofschléckt. An esouguer angeneem Emotioune wéi Stolz oder Freed kënne problematesch sinn, wann et schwéier fält, se zouzeloossen. Dobäi huelen Emotiounen eng immens wichteg Roll an eisem Liewen an, andeems se eis weisen, wat mir grad brauchen. Roserei kéint mir zum Beispill weisen, datt mäi Bedürfnis no Fairness oder no Grenzen net erfëllt ass, wärend Schold mir weist, datt mäi Bedürfnis no Gerechtegkeet oder Éierlechkeet frustréiert ass. Angeneem Emotioune wéi Stolz oder Freed weise mir, datt ee Bedürfnis erfëllt ass, zum Beispill d‘Bedürfnis no Selbstverwierklechung oder Unerkennung. Et läit also op der Hand, datt et wichteg ass ee gudden Drot zu den eegenen Emotiounen ze hunn. Invitée ass den Renée Hoffmann
Event:
Was brauche ich gerade ?
4. Juni | Do. von 18 - 19.30 Uhr | Dieser Workshop soll Sie dabei unterstützen, ein besseres Verständnis für Ihre Emotionen aufzubauen | Leitung : René Hoffmann |