Mat der Rei After-Work-Life-Balance bitt de GERO vun November 2025 un dräi gratis Workshoppe fir all déi un, déi sech op hiren Iwwergang an d’Pensioun virbereede wëllen. D’Ateliere sinn den 12., 19. a 26. November 2025, allkéiers vu 17:30 bis 20:00 Auer, beim GERO zu Bouneweg.
D’Initiativ ass Deel vum PACS-Projet (Passage ass Chance), engem vun Erasmus+ ko-finanzéierten transnationalen Austausch mat Partnerlänner wéi Däitschland, Italien, Slowenien, Ungarn an Holland. D‘Zil ass et Handlungskonzepter ze entwéckelen, déi den Iwwergang an d’Pensioun sollen ënnerstëtzen.
Den Iwwergang an d’Pensioun ass fir jiddereen anescht: wou d’Schaffzäit vu vill Struktur gepräägt war, bréngt d’Pensioun Fräiheet - heiansdo och Onsécherheet.
D’Workshoppen hëllefen dobäi, dës Verännerung aktiv a selbstbestëmmt ze gestalten.
Um Programm stinn:
Selbstreflexioun: Wou stinn ech elo? Wéi eng Rollen hat ech bis elo, a wéi eng wëll ech an Zukunft iwwerhuelen?
Theoreeteschen Input: Wat bedeit Pensionéierung als Iwwergang a wéi eng Altersbiller beaflossen eis?
Übungen a Gruppendiskussiounen: Erfarungsaustausch mat anere Participanten an praktesch Tools fir eng individuell Planung.
Geduecht ass d‘Offer virun allem fir Mënschen, déi kuerz virun hirer Pensioun stinn, an déi sech aktiv a bewosst domat auserneesetze wëllen. Explikatioune mam Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter (www.gero.lu)