En CD, dee sécher eng Beräicherung an der Kollektioun vun all Mënsch ass, dee gär klassesch Musek lauschtert an awer och mol nei Entdeckunge wëllt maachen. Den ORF-Radio-Symphonieorchester Wien huet een Album erausbruecht, op deem nëmme Wierker vum Komponist Georg Goltermann drop sinn.
Deen däitsche Romantiker huet vill Repertoire fir den Cello geschriwwen - ënner anerem aacht Concertoen. Op dësem Disk gëtt deen éischten Cellosconcerto mat der alleréischter Opnam vum Komponist senger Sinfonie op.20 gekoppelt.
De Christophe Mirkes huet den CD gelauschtert.