CD-Klassik
Zwou Klangwelten
12 min
"Wenn Bach Bienen gezüchtet hätte", ass den Titel vun enger Kompositioun aus dem Joer 1976 vum Arvo Pärt. Den Arvo Pärt spillt hei net just musikalesch mam Numm Bach, e gräift och kompositoresch Muster vum Thomaskantor zeréck an ënnersträicht domadder eng vu senge wichtege musikalesche Referenzen. Bach & Pärt: béid Komponisten op engem Disk zesummenzebrénge mécht deemno programmatesch Sënn, besonnesch mat enger avertéierter Interpretin wéi der Geiistin Arabella Steinbacher, déi dräi Bach-Concerti mat zwee Pärt-Wierker encadréiert.