Aktuelles
Solidaritéit a Slowenien no de schroen Iwwerschwemmungen
0 min
A Slowenien ginn no de schroen Iwwerschwemmungen a groussen Deeler vum Land, d'Opraumaarbechte virun. Stroosse musse fräigeraumt, op ville Plaze mussen Hëllefsbrécken opgebaut ginn.
D'Regierung huet fir e Méindeg e Solidaritéitsdag ausgeruff, op deem net geschafft gëtt, an d'Leit d'Méiglechkeet kréien, bei den Botz- an Opraumaarbechten ze hëllefen. Iwwer 20.000 Leit hu sech schonn op der App vun der Regierung gemellt, fir hir Hëllef unzebidden.
Och d'Touristen, déi vun den Iwwerschwemmungen iwwerrascht goufen, kruten déi Solidaritéit ze spieren - wéi Temoignagë weisen, déi eis vum Radio RTV-Slovenia zur Verfügung gestallt goufen. Detailer vum Danièle Weber
Episoden
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.jpg)