Radioen

On air

Grousse Kino  |  Alexis Grapsas - Subway Tunnels (Monster Theme)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aktuelles

100komma7.lu / Aktuelles

/ Plurilinguismus bei Kanner zu Lëtzebuerg

Plurilinguismus bei Kanner zu Lëtzebuerg

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Zwee Drëttel vun de Kanner zu Lëtzebuerg wuessen doheem méisproocheg op. Dat geet aus enger Enquête vum Service national de la Jeunesse ervir, fir déi méi wéi 10.000 Kanner tëschent 0 a véier Joer mat iwwer 100 verschiddenen Nationalitéite befrot goufen. Kanner, déi nëmme mat enger Sprooch opwuessen, gehéieren dëser Enquête no éischter zu enger Minoritéit hei am Land. Deemno wier et wichteg, dës Méisproochegkeet och an de Crèchen an an de Schoulen opzehuelen. Trotz den am Ganzen 147 Sproochen, déi an den Ëmfroe genannt goufen, ass déi Lëtzebuergesch Sprooch awer net a Gefor. Virun allem mat de Geschwëster schwätze vill Kanner Lëtzebuergesch.

D'Sophie Schroeder mat de Resultater vun dëser Enquête

Politik a Gesellschaft
Noriichten

Episoden

Optakt vum Prozess an der Affär Lunghi

Am Prozess geet et ëm d'Virwërf vun Diffamatioun a Kierperverletzung.
headphones

4 min

play_arrow

Optakt vum Prozess an der Affär Lunghi

Am Prozess geet et ëm d'Virwërf vun Diffamatioun a Kierperverletzung.
headphones

4 min

play_arrow

Cyberattack op Cobolux

Cyber-Piraten hu beim Metzleschbetrib Cobolux Schwaachstelle fonnt, Donnéeë verschlësselt an de Betrib erpresst.
headphones

4 min

play_arrow

Cyberattack op Cobolux

Cyber-Piraten hu beim Metzleschbetrib Cobolux Schwaachstelle fonnt, Donnéeë verschlësselt an de Betrib erpresst.
headphones

4 min

play_arrow

D'Situatioun vum ukraineschen ëffentlech rechtleche Radio am Krich

Haut virun engem Joer huet de russesche Krich géint Ukrain ugefaangen. E Gespréich mat engem Journalist vum ukrainesche Radio Suspilne iwwer seng Aarbecht.
headphones

5 min

Lëtzebuergesch amplaz Däitsch?

De Soziolinguist Fernand Fehlen plaidéiert fir eng Reform vum Sproochenunterrecht an der Grondschoul.
headphones

4 min

play_arrow

Assises du logement

De Logementsminister Henri Kox huet gëschter mat 200 Acteuren aus dem Secteur iwwer abordabele Wunnraum diskutéiert. Wat koum dobäi eraus?
headphones

5 min

play_arrow

Waffekeef brénge Lëtzebuerg an d'New York Times

Och Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Ukrain mat Waffen a Munitioun. Well eis Arméi awer relativ séier alles ginn hat, wat se entbiere konnt, ass d'Lëtzebuerger Defense en eegene Wee gaangen.

Keng Distribution Days méi zu Lëtzebuerg

D'Ëmweltorganisatioun Foodsharing Luxembourg huet de Projet, bei deem Liewensmëttelen op fënnef Plazen am Land verdeelt goufen, aus direkt e puer Grënn gestoppt.

Vum 18. Mäerz un: E-Facturatioun fir Betriber obligatoresch

Wat fir Grouss- a Mëttelbetriber, déi ëffentlech Institutiounen als Client hu scho gëllt, soll elo och fir kleng Betriber Realitéit ginn.

Fréiere Justizminister Félix Braz geet an Appell

Dee fréiere Justizminister geet an Appell géint zwee Urteeler, déi d'Verwaltungsgeriicht leschte Freideg gesprach huet. An engem Fall geet et ëm Gewaltentrennung.

Wéi déi chineesesch Police Kënschtlech Intelligenz asetzt

Déi chineesesch Autoritéite kënne mat Hëllef vun héichentwéckelte Systemer ganz detailléiert Donnéeën aus der Iwwerwaachung vun der Bevëlkerung zéien.
headphones

4 min

play_arrow

Fondatioun Kriibskrank Kanner: Congé fir Famille verbesseren

Wann e Kand Kriibs huet, kënnen d'Elteren de Congé pour raisons familiales ufroen. Dee Congé misst fir déi concernéiert Famille verbessert, respektiv erweidert ginn.
headphones

3 min

play_arrow

Entwécklungskonzept Iewescht Museldall

Eng Initiativ fir grenziwwergräifend Kooperatioun an der Groussregioun interregional Projeten ze promouvéieren tëschent Lëtzebuerg, dem Saarland a Rheinland-Pfalz