Aktuelles
Cyberattack op Cobolux
4 min
Enn d'lescht Joer gouf de Metzleschbetrib Cobolux zu Wecker Affer vun enger Cyberattack, mat där se laang ze kämpfen hat. Cobolux zielt mat sengen 150 Mataarbechter zu de klengen a mëttelere Betriber hei am Land. Datt grad dëse betrib Affer gouf, läit un den opportunisteschen Intentioune vun der Attack. Dat heescht, datt d'Gruppen, déi esou Cyber-Attacke plangen, meeschtens net op konkret Informatiounen oder Donnéeën aussinn, mee si probéiere Suen ze kréien, andeems si Donnéeë klauen a verschlësselen, fir dann d'Affer ze erpressen - esou wéi et och bei Cobolux passéiert ass.
Sougenannte Cyber-Pirate kucken deemno net onbedéngt nëmmen no der Gréisst vun der Entreprise, bei där si Donnéeë klaue wëllen, mee si sichen éischter no einfache Schwaachstellen, erkläert de Pascal Steichen vum Luxembourg House of Cybersecurity. Weider Detailer vum Sophie Schroeder
Episoden
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)