D'Fondatioun Kriibskrank Kanner hofft nach dëst Joer op Upassunge beim Congé pour raisons familiales fir Famille mat kriibskranke Kanner zu Lëtzebuerg, dat sot eis d'Direktesch vun der Fondatioun. Wann e Kand Kriibs huet, kënnen d'Elteren - déi deels laang Trajeten am Ausland mat hirem Kand fir den Traitement op sech huelen - de Congé pour raisons familiales ufroen. Deen dauert alles an allem 52 Wochen, op zwee Joer verdeelt. Datt et de Congé pour raisons familiales zu Lëtzebuerg géif gi wier eng Chance, et misst een dee Congé awer fir déi concernéiert Famille méi opmaachen, esou d'Direktesch vun der Fondatioun am Gespréich mam Marlène Clement.
arrow_back_ios
Aktuelles
Fondatioun Kriibskrank Kanner: Congé fir Famille verbesseren
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
