Greenpeace Lëtzebuerg reprochéiert dem Landwirtschaftsministère e Mangel u Courage an der Diskussioun ronderëm de Glyphosat-Verbuet zu Lëtzebuerg. D'Regierung hat deEn ëmstriddenen Herbizid virun zwee Joer als éischten EU-Memberstaat verbueden. Den nationale Verbuet gouf awer Ufank Abrëll vum Verwaltungsgeriicht an zweeter Instanz gekippt, mat der Begrënnung, datt net genuch rechtlech Grondlage géinge virleien. De Landwirtschaftsminister Claude Haagen hat d'Acteuren aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft doropshin opgefuerdert fräiwëlleg op Glyphosat ze verzichten an annoncéiert eng Etude wëllen an Optrag ze ginn, déi den negativen Impakt vu Glyphosat soll beleeën. Dat geet dem Greenpeace-Direkter net wäit genuch. D'Marlène Clement huet mam Raymond Aendekerk geschwat.
arrow_back_ios
Aktuelles
Kritik um Landwirtschaftsministère
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
