Gebuer den 23. Mäerz 1926 zu Esch-Uelzecht an opgewuess zu Réimech, entdeckt de Marcel Ernzer un der Säit vu sengem eelere Brudder Jos seng Passioun fir de Vëlossport. Éischt Victoiren als Amateur realiséiert hien 1947 an 1948. Bei de Profie war de Marcel Ernzer e puer Mol Lëtzebuerger Champion a Vainqueur vum Tour de Luxembourg. 1954 gewënnt hien de Klassiker Leck-Baaschtnech-Leck. A senger Karriär fiert hien och den Tour de France a war ee vun de wichtegste Co-Equipiere vum Charly Gaul, dem Vainqueur vun der Grande Boucle 1958.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 20 Joer stierft de Marcel Ernzer
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min