Aktuelles
Gratis Verhütungsmëttelen
4 min
Zanter leschte Samschdeg ginn d'Käschte fir all Zort vu Verhütungsmëttel zu 100 Prozent an ouni Alterslimitt vum Staat iwwerholl. Nach net rembourséiert ginn d'Kondomer. Dës kritt een awer op ganz ville Plazen uechter d'Land gratis. Mat Ausnam vun der Pëll duerno ass fir all Verhütungsmëttel eng medezinesch Ordonnance noutwendeg. Domat gëtt ee Walverspriechen vun dëser Regierung ëmgesat.
De Planning Familial huet sech laang dofir agesat a freet sech iwwer dës nei Moossnam, seet awer och, datt dat eleng net duergeet. Niewent der Gratuitéit wier och d'Opklärungsaarbecht wichteg, betount d'Ainhoa Achutegui. Vill Schoule géifen nach ëmmer keng Sexualopklärung ubidden. Dat misst sech änneren. Detailer vum Sophie Schroeder
Episoden
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.jpg)