Haut virun 90 Joer, den 25. Mäerz 1933, koum de Josy Simon op d'Welt. Seng Léift fir de Vëlo tauscht hie beim Militär a géint d'Goen, dat hien do kenneléiert. Hien huet Talent, gewënnt éischt Coursen a gëtt 1965 hei am Land Weltmeeschter am Goen iwwer 100 Kilometer. Enn de 1960er Jore gëtt déi extrem Course Paräis-Stroossbuerg nees organiséiert. Déi gewënnt de Josy Simon véier mol, gëtt dräimol den 2ten an zweemol den 3ten. Mat 47 Joer hält hie mam Leeschtungssport op, engagéiert sech politesch a vertrëtt fir d'éischt d'DP an duerno den ADR an der Chamber. An Éisträich, wou hien zanter e puer Joer wunnt a lieft, entdeckt hien am héijen Alter seng Léift fir d'Lafen, brécht a senger Alterskategorie Rekorder an ass och gären all Joer zu Lëtzebuerg beim Marathon am Asaz. Happy Birthday Josy Simon.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
90ten Gebuertsdag vum Josy Simon
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.