Eng vun 10 Fraen ass betraff. Endometriose ass eng Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass, an deels uerg Komplikatioune ka mat sech bréngen. Firwat ass et wichteg iwwer déi Krankheet ze schwätzen, wou nach net genee gewosst ass wou se hierkënnt? Wat sinn d'Symptomer, wou kann ee gehollef kréien? Dës Froe stinn am Raum vun enger Konferenz/Austausch, en Donneschden 23.03.2023 am CID Fraen an Gender.
Informatiounen huet d'Isabelle Schmoetten, Responsabel vum CID Fraen an Gender.