Musek Aktuell
Florist - Florist
17 min
Fir vill Leit war et eng vun de Placke vum leschte Joer, "Florist" vun der Band mam selwechten Numm. D'Formatioun ronderëm d'Songschreiwerin Emily Sprague kënnt vu Brooklyn, integréiert an hire Sound awer éischter d'Kläng aus der Natur, wéi hiren Numm et schonn errode léisst. En Dënschden, 21. Mäerz, ass Florist zu Gaascht an de Rotonden an am Virfeld hat d'Claudine Muno Geleeënheet, fir mat der Frontfra Emily Sprague iwwer hir Band, de leschten Album, an och hir speziell Approche zu Live-Optrëtter ze schwätzen.