Musek Aktuell
Musek aus der Ukrain
56 min
Säit dem 24. Februar ass Krich an der Ukraine, nodeems Russland säin Noper iwwerfall huet. Mee wat wësse mir iwwert dat Land, iwwert seng Leit, seng Kultur - an iwwert seng Musek? Des Stonn Radio hëlt Iech mat op eng kleng Rees duerch di zäitgenëssesch ukrainesch Musekszeen - vun Indie iwwert Rock a Rap bis zum Jazz aus dem Land um schwaarze Mier. Nieft internationale Gréissten wéi dem Jamala an DakhaBrakha ginn et och jonk Bands ze entdecken, déi just virum Krich nach am Gaang waren, nei Projeten unzestoussen, wéi zum Beispill Banned Society. Mat der Sängerin Lola Kolosovska gëtt et och längeren Interview iwwert déi mi rezent Entwécklungen an der Ukraine - an och doriwwer, wat d'Musek aus hirem Land fir si sou speziell mécht.