Musek Aktuell
Eng Plack déi kléngt, wéi Schoulschwänzen
6 min
Op "Dropout Boogie", hirer eelefter Studioscheif, ergi sech déi "schwaarz Tasten" enger hallef-eeschter Besënnung op amerikanesch Aarbechterklass-Wäerter. Ouni iergendwellech MAGA Alluren.
Wéi de Bill Joel a sengem "Uptown Girl" Video, gesäit een déi zwee am Blaumann a mat Kap um Cover, wéi wa si géifen hiren Aarbechtsdag ufänken. An d'Aarbecht ass propper gemaach. Zesumme mat e puer zougezunnene Co-Auteuren, zu deenen och de legendäre ZZ-Top Gittarist a Sänger Billy Gibbons gehéiert, kachen déi Zwee eng defteg Zopp.
De Marc Clement huet d'Plack matbruecht.