Den neien Album vum Tenor Cyrille Dubois steet ënner dem Titel "So Romantique!". Zesumme mam Orchestre National de Lille ënner der Direktioun vum Pierre Dumoussaud interpretéiert hien Airen aus franséischen Operen aus dem 19. Joerhonnert.
De Remy Franck huet an dësen neien Album era gelauschtert.