Dauer: 1 Stonn rout Rommele kachen a 15 Minutten fir déi ganz Zopp virzebereeden
Mir brauchen:
3 frësch rout Rommelen
2 Staange Zelleri (am beschte mat de Blieder)
1 Bond frësche Koriander
2 Zoppeläffele Kokosueleg (alternativ Olivenueleg)
1 Limett
1 Liter gefiltert Waasser (oder ofgekachtent Waasser)
60 ml Äppel-Esseg
Ronn 3 Zoppeläffele Salz
1 Kaffisläffel Cayenne-Peffer oder Chili-Pudder
Alternativ: 2 Knueweleks-Zéiwen
Virbereedung:
Déi rout Rommele schielen a wäschen
D'rout Rommele fir ronn 1 Stonn an engem Dëppe voller Waasser kache loossen, bis ee se mat engem Messer duerchschneide kann
Déi gekachte Rommelen a kleng Stécker schneiden, Stécker déi nach gutt op een Zoppeläffel passen
Den Zelleri an de Koriander wäschen an a kleng Stécker schneiden
Den Ueleg an engem groussen Dëppen op mëttlerer Hetzt opwiermen
D'Zelleri Stécker fir ronn 2 Minutten liicht ubroden, d'Rommel Stécker an de Jus vun der Limett dobäi ginn
D'Waasser, den Äppel-Esseg an de Koriander dobäi ginn
Alles fir ronn 10 Minutten op mëttlerer Hetzt kache loossen
Eventuell nach e bësse Salz, Chili Pudder oder Äppel-Esseg dobäi ginn
Quell: "Das Plantpower Kochbuch" - Rich Roll & Julie Piatt