Biotop
GUTT GESCHIER - eng Toolothéik
![on the headlines](https://100komma7.lu/legacy/images/Marianne%20Kollmesch.jpeg)
Vum Pinsel bis bei d'Buermaschinn: D'Tools vu GUTT GESCHIER gi bei Privatpersounen, dem Ressourcen-Zenter oder vun Entreprisë gesammelt an op enger Plaz zesumme stockéiert. Duerch den Online-Reservéierungs-System fir et auszeléine kënnt dëst Geschier erëm an de Kreeslaf, wou et gebraucht a genotzt gëtt. Esou kann et seng ganz Liewensdauer iwwer profitéiert ginn.
"Bei GUTT GESCHIER geet et ëm Handwierksgeschier, deem mir en zweet Liewen offréieren. De gréissten Deel vun deem Geschier gouf net méi gebraucht, obschonns et nach voll funktiounsfäeg ass. Mir bréngen dat Geschier erëm an den Ëmlaf, fir datt et weiderhi ka vun esou vill wéi méiglech Leit genotzt ginn".
D'Ausléine vu GUTT GESCHIER dréit dozou bäi fir d'Produktioun an de Kaf vun neiem Handwierksgeschier, wat Energie verbraucht an CO2 produzéiert, ze vermeiden, wéi och den Offall vu Geschier, dat kaum genotzt gëtt, ze reduzéieren.
"D'Agence vun der Transition Energétique a Frankräich hat 2018 festgestallt, datt déi duerchschnëttlech Gebrauchsdauer vun enger Buermaschinn bei nëmmen 12 Minutte läit. Dat heescht, datt se de Rescht vun der Zäit am Keller läit a Stepps fänkt".
esou d'Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung
D'Toolothéik ass an der Facilitec zu Esch-Uelzecht.
Episoden
![Hierschtblummen](/1_Foto/100komma7.lu/92575/image-thumb__92575__base_thumbnail/Dani%C3%A8le%20Keup.4525b27b.jpg)
Hierschtblummen
Colchique, Autumn crocus: Wann de Summer eriwwer ass, maache si sech breet.
![Fiichtgebidder - Eng zweet Chance fir en existenzielle Liewensraum](/legacy/images/16036/image-thumb__16036__base_thumbnail/Biotop.c439e51d.jpg)
Fiichtgebidder - Eng zweet Chance fir en existenzielle Liewensraum
Fiichtgebidder spillen eng wichteg Roll als Ökosystem fir eng grouss Unzuel an Déieren a Planzen, mee och am Klimaschutz an als Waasserspäicher.
![Fit an aktiv am Gaart schaffen](/legacy/images/12280/image-thumb__12280__base_thumbnail/Danielle%20Keup.30d59413.jpg)
Fit an aktiv am Gaart schaffen
Am Gaart schaffen ass ganz gutt fir d'Gesondheet, mee et sollt een op e puer Saachen oppassen.
![Nätzen: Waasser spueren, awer d'Planze gutt versuergen](/legacy/images/5782/image-thumb__5782__base_thumbnail/Marianne%20Kollmesch.8b81cb65.jpg)
Nätzen: Waasser spueren, awer d'Planze gutt versuergen
D'Waasser ass eng kostbar Ressource, mee de Gaart an d'Planzen am Dëppe brauche Waasser.
![E Gaart fir Bestëpser](/legacy/images/14899/image-thumb__14899__base_thumbnail/Beien.6a746ac3.jpg)
E Gaart fir Bestëpser
Mir verwandelen de Gaart an en Insekteparadäis.
![Permakultur: wat ass gemengt, wéi kann een et doheem ëmsetzen?](/legacy/images/12280/image-thumb__12280__base_thumbnail/Danielle%20Keup.30d59413.jpg)
Permakultur: wat ass gemengt, wéi kann een et doheem ëmsetzen?
De Begrëff Permakultur setzt sech aus den Wierder "Permanent" an "Agrikultur" zesummen, wat näischt anescht heescht wéi konstant Bewirtschaftung.
![Insektefrëndlech méie fir méi Biodiversitéit](/legacy/images/5782/image-thumb__5782__base_thumbnail/Marianne%20Kollmesch.8b81cb65.jpg)
Insektefrëndlech méie fir méi Biodiversitéit
Am Gras wunne vill kleng Krabbeldéieren, déi da leider beim Méien dout gemaach ginn, mee deem kann een entgéint wierken .
![Aktioun Insektenzielen: Méi wéi Beien! Ziel mat!](/1_Foto/100komma7.lu/102589/image-thumb__102589__base_thumbnail/M%C3%A9i%20w%C3%A9i%20Beien.55ccaf4b.jpg)
Aktioun Insektenzielen: Méi wéi Beien! Ziel mat!
Vum 9. bis den 18. Juni ginn Insekten gezielt, doheem am Gaart, um Balcon oder am Bongert.
![Blummewiss](/legacy/images/12553/image-thumb__12553__base_thumbnail/Blummenwis.40fe0f57.jpg)
Blummewiss
Voller Liewen, schéin ze kucken a wéineg Aarbecht, dat ass eng Blummewiss am eegene Gaart.
![Krunnewaasser oder Fläschewaasser?](/legacy/images/19687/image-thumb__19687__base_thumbnail/wasserhahn.2a64a202.jpg)
Krunnewaasser oder Fläschewaasser?
Tipps dozou ginn et vun der Marianne Kollmesch, Vertriederin vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg.
![D'Vullelberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg](/legacy/images/12025/image-thumb__12025__base_thumbnail/schlammwiss-ber%C3%A9ngungsstatioun.ad03604e.jpg)
D'Vullelberéngungsstatiounen zu Lëtzebuerg
Déi einheimesch Villercher besser kenneléieren.
![Mëschkulturen am Gaart](/legacy/images/12280/image-thumb__12280__base_thumbnail/Danielle%20Keup.30d59413.jpg)
Mëschkulturen am Gaart
Mëschkultur am Geméisgaart: e Mix vu Planzen, Kraider a Blummen
![Eng wichteg Roll am Ekosystem](/legacy/images/5782/image-thumb__5782__base_thumbnail/Marianne%20Kollmesch.8b81cb65.jpg)
Eng wichteg Roll am Ekosystem
Sechs onbeléiften Déieren, déi d'Leit dacks nerven, awer ganz nëtzlech sinn: de Kueb, d'Dauf, d'Spann, d'Harespel, de Maulef an d'Flantermaus.
![D'Harespele (k)eng Plo](/legacy/images/11158/image-thumb__11158__base_thumbnail/Harespel.dca8b46a.jpg)
D'Harespele (k)eng Plo
Harespelen hunn e schlechten Numm, och wann dat net berechtegt ass.
![Uleeën a flege vun engem Hochbeet](/legacy/images/10360/image-thumb__10360__base_thumbnail/Hochbeet.d68b6b82.jpg)
Uleeën a flege vun engem Hochbeet
Fir en Hochbeet unzeleeën ass elo déi beschten Zäit. Fir unzefänke soll een Tomaten, Poretten a Kornischonge planzen.
![Carbon Footprint](/1_Foto/100komma7.lu/102586/image-thumb__102586__base_thumbnail/Marianne%20Kollmesch.8b81cb65.jpg)
Carbon Footprint
Carbon Footprint - CO2-Foussofdrock - mir komme net derlaanscht!
![D'Gesondheet vun de Bëscher](/legacy/images/9352/image-thumb__9352__base_thumbnail/B%C3%ABsch.b72cc703.jpg)
D'Gesondheet vun de Bëscher
Den Internationalen Dag vum Bësch (21. Mäerz) gëtt duerch d'Klimakris ëmmer méi wichteg
![Gromperen an alle Gréissten a Faarwen](/legacy/images/8317/image-thumb__8317__base_thumbnail/Gromper.e654f391.jpg)
Gromperen an alle Gréissten a Faarwen
Elo gëllt et mat de Preparatiounen am Gaart unzefänken, wann een am Juni/Juli eng gutt Recolte wëll hunn
![GUTT GESCHIER - eng Toolothéik](/legacy/images/5782/image-thumb__5782__base_thumbnail/Marianne%20Kollmesch.8b81cb65.jpg)
GUTT GESCHIER - eng Toolothéik
Eng flott Initiativ, bei där een esouwuel als Privatpersoun wéi och als Associatioun all méiglech Handwierksgeschier gratis ausléine kann.
![Dëmpelen a Weieren, ënnerschate Liewensraim](/legacy/images/7432/image-thumb__7432__base_thumbnail/D%C3%ABmpel.894fb2bc.jpg)