Biotop
GUTT GESCHIER - eng Toolothéik
![on the headlines](https://100komma7.lu/legacy/images/Marianne%20Kollmesch.jpeg)
Vum Pinsel bis bei d'Buermaschinn: D'Tools vu GUTT GESCHIER gi bei Privatpersounen, dem Ressourcen-Zenter oder vun Entreprisë gesammelt an op enger Plaz zesumme stockéiert. Duerch den Online-Reservéierungs-System fir et auszeléine kënnt dëst Geschier erëm an de Kreeslaf, wou et gebraucht a genotzt gëtt. Esou kann et seng ganz Liewensdauer iwwer profitéiert ginn.
"Bei GUTT GESCHIER geet et ëm Handwierksgeschier, deem mir en zweet Liewen offréieren. De gréissten Deel vun deem Geschier gouf net méi gebraucht, obschonns et nach voll funktiounsfäeg ass. Mir bréngen dat Geschier erëm an den Ëmlaf, fir datt et weiderhi ka vun esou vill wéi méiglech Leit genotzt ginn".
D'Ausléine vu GUTT GESCHIER dréit dozou bäi fir d'Produktioun an de Kaf vun neiem Handwierksgeschier, wat Energie verbraucht an CO2 produzéiert, ze vermeiden, wéi och den Offall vu Geschier, dat kaum genotzt gëtt, ze reduzéieren.
"D'Agence vun der Transition Energétique a Frankräich hat 2018 festgestallt, datt déi duerchschnëttlech Gebrauchsdauer vun enger Buermaschinn bei nëmmen 12 Minutte läit. Dat heescht, datt se de Rescht vun der Zäit am Keller läit a Stepps fänkt".
esou d'Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung
D'Toolothéik ass an der Facilitec zu Esch-Uelzecht.
Episoden
![Wéi gesond sinn eis Fléissgewässer?](/1_Foto/100komma7.lu/168161/image-thumb__168161__base_thumbnail/Fl%C3%A9issgew%C3%A4sser.cb853936.jpg)
Wéi gesond sinn eis Fléissgewässer?
Explikatioune vum Tobias Mosthaf
![De Naturschutzzentrum A Wiewesch](/1_Foto/100komma7.lu/87985/image-thumb__87985__base_thumbnail/Luc%20Roeder.1d45676c.jpg)
De Naturschutzzentrum A Wiewesch
Den Naturschutzzentrum A Wiewesch vun der Naturverwaltung läit matzen am Duerf zu Manternach an engem eemolege Bauerenhaff.
![2024 ass e wichtegt Joer fir den Natur- an Ëmweltsyndikat SIAS](/1_Foto/100komma7.lu/136908/image-thumb__136908__base_thumbnail/SIAS.6b9e2f39.jpg)
2024 ass e wichtegt Joer fir den Natur- an Ëmweltsyndikat SIAS
1974 gegrënnt, feiert de Syndicat intercommunal de l'assainissement du bassin hydrographique de la Syre, 50 Joer.
Fro däi Coiffeur
Dee Projet vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL huet als But iwwer wichteg a sensibel Ëmwelttheemen ze sensibiliséieren, dat an engem Kader, dee jiddwerengem bekannt ass, de Coiffeurssalon.
Flosspartnerschaft Syr
D‘Flosspartnerschaft Syr ass en oppent Portal fir jiddwereen, deen am Anzuchsgebitt vun der Syr lieft a sech fir d‘Waasser asetze wëllt.
![© Bigstock / Monia Séien an der Zär oder op der Fensterbänk | © Bigstock / Monia](/1_Foto/100komma7.lu/131932/image-thumb__131932__base_thumbnail/Hand%20h%C3%A4lt%20Planz.5fe27578.jpg)
Séien an der Zär oder op der Fensterbänk
Aus Som seng eege Setzplanzen ziichte fir an de Gaart ass mat Aarbecht a Gedold verbonnen, mee, d‘Resultat rentéiert sech.
![Den Naturschutzzentrum Ellergronn](/_default_upload_bucket/138594/image-thumb__138594__base_thumbnail/757c083f477f4e617bbfd257ca24dd1a6007f8ef.4b20ddc0.jpg)
Den Naturschutzzentrum Ellergronn
Hei trëfft alles openeen, wat de Räichtum vum Lëtzebuerger Süden ausmécht.
![Hieselter, Hieselnëss an Hieselnësskichelcher](/1_Foto/100komma7.lu/126862/image-thumb__126862__base_thumbnail/Hieselter%2C%20Hieseln%C3%ABss%20an%20Hieseln%C3%ABsskichelcher.a29ba733.jpg)
Hieselter, Hieselnëss an Hieselnësskichelcher
D’Hieselnoss schmaacht net nëmme gutt, mee ass ganz gutt fir eis Gesondheet, an de Hieselter-Bam ass einfach ze planzen am Gaart a brauch och net vill Opwand.
![De Naturschutzzentrum Biodiversum Camille Gira op der Musel](/legacy/images/5977/image-thumb__5977__base_thumbnail/Biodiversum%201.faba69c7.jpg)
De Naturschutzzentrum Biodiversum Camille Gira op der Musel
Haut stelle mir iech deen drëtte vu fënnef Naturschutzzentre vun der Naturverwaltung vir; nämlech de Biodiversum am wonnerschéinen Naturschutzgebitt “Haff Réimech”. Am Studio ass de Steve Jungen, Responsabel vum Biodiversum an der Sensibiliséirung bei de
![Rouse gi wanterfest gemaach | © Bigstock / Tasha-photo Den ideale Wantergaart fir d'Natur an d'Déieren | © Bigstock / Tasha-photo](/1_Foto/100komma7.lu/122815/image-thumb__122815__base_thumbnail/Rouse%20gi%20wanterfest%20gemaach.0d3a3a5d.jpg)
Den ideale Wantergaart fir d'Natur an d'Déieren
Am Gaart geet et am Wanter méi roueg zou, trotzdeem ginn et Handgrëffer, déi et der Natur an Ëmwelt méi einfach maache fir duerch de Wanter ze kommen.
![Brockelcher - Choux de Bruxelles: kleng Vitaminn-Bommen](/1_Foto/100komma7.lu/120496/image-thumb__120496__base_thumbnail/Brussels%20Sprouts.8bd2246a.jpg)
Brockelcher - Choux de Bruxelles: kleng Vitaminn-Bommen
Elo ass d‘Zäit vu komesche Gestalten am wanterleche Geméisgaart, de Brockelcher, déi just bei kalen Temperaturen hiren onvergläichbare Goût produzéieren.
![Bongerten an Dréchemaueren](/1_Foto/100komma7.lu/123073/image-thumb__123073__base_thumbnail/Marc%20Thiel%204.0b7bd02b.jpg)
Bongerten an Dréchemaueren
D'Wichtegkeet vu Bongerten an Dréchemaueren an eiser Landschaft
![De Bam an d'Gewan an den Nationalen Dag vum Bam](/1_Foto/100komma7.lu/116047/image-thumb__116047__base_thumbnail/Biotop%2013-11-23.0194ad7e.jpg)
De Bam an d'Gewan an den Nationalen Dag vum Bam
Struktur-Elementer an der Landschaft spillen eng wichteg Roll fir d‘Déierewelt a sinn dofir och en zentraalt Element.
![Den Naturschutzzenter Mirador zu Stengefort](/1_Foto/100komma7.lu/114058/image-thumb__114058__base_thumbnail/Ben%20Louis.ad2863ba.jpg)
Den Naturschutzzenter Mirador zu Stengefort
"Eng aner Siicht op d'Natur“
![Wanterporetten](/1_Foto/100komma7.lu/109486/image-thumb__109486__base_thumbnail/Porretten.7eca96c7.jpg)
Wanterporetten
D’Wanterporett ass ee ganz gesond Geméis, wat een iwwer de ganze Wanter frësch aus sengem eegene Gaart oder aus dem Geméisrayon kann iessen.
![2000 m2 fir eis Ernährung, alternativ Weeër fir d‘Landwirtschaft zu Lëtzebuerg](/1_Foto/100komma7.lu/108634/image-thumb__108634__base_thumbnail/Hammbier.1a86d505.jpg)
2000 m2 fir eis Ernährung, alternativ Weeër fir d‘Landwirtschaft zu Lëtzebuerg
Mam Projet gëtt probéiert, Iessgewunnechten, de Verbrauch vu landwirtschaftlecher Fläch an den Ëmweltschutz de Leit méi no ze bréngen.
![Den Naturschutzzentrum Burfelt zu Ënsber](/1_Foto/100komma7.lu/100480/image-thumb__100480__base_thumbnail/Serge%20Hermes.7d472ac3.jpg)
Den Naturschutzzentrum Burfelt zu Ënsber
Natur all inclusiv
![Häckselen, eng wäertvoll Aarbecht am Gaart](/1_Foto/100komma7.lu/92575/image-thumb__92575__base_thumbnail/Dani%C3%A8le%20Keup.4525b27b.jpg)
Häckselen, eng wäertvoll Aarbecht am Gaart
Et ass d’Saison vum Bam- an Heckenschnëtt. Den Offall kann een duerch selwer Häckselen erëm am eegene Gaart verwäerten, wat ekologisch, bëlleg a praktesch ass.
![Den Naturschutzzentrum A Wiewesch](/1_Foto/100komma7.lu/87985/image-thumb__87985__base_thumbnail/Luc%20Roeder.1d45676c.jpg)
Den Naturschutzzentrum A Wiewesch
D’Naturverwaltung huet fënnef Naturschutzzenteren am Land, een dervun stelle mer vir an dofir geet et op Manternach.
![Euro BirdWatchday](/1_Foto/100komma7.lu/60259/image-thumb__60259__base_thumbnail/Birdwatch%20Day.f253c2c1.jpg)