Deen op den 18. Februar 1830 zu Dikrech gebuerenen Alexis Heck huet, fir Reklamm fir d'Land ze maachen, zu London an Antwerpen Plakater ophänke gelooss. En plus huet hien 1893 mat "The Grand Duchy of Luxembourg: A Short Handbook for Travellers" een Touriste-Guide fir eng englesch Clientèle an d'Land ze lackelen, erausbruecht. Hie stierft de 6. Februar 1908 am Alter vu bal 78 Joer. Déi haiteg Ecole d'hôtellerie et de tourisme du Luxembourg huet vun 1979 bis 2018 säin Numm gedroen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 193 koum den Alexis Heck op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min