Dauer: ronn 10 Minutten
Fir ronn 5 Paangecher brauche mir:
250 g Miel
1 bis 2 Zoppeläffel Mäisstäerkt
5 Zoppeläffelen Zocker
Ronn 400 ml vegan Mëllech
Virbereedung:
Alles an enger Schossel vermëschen
Eng Pan mat e bëssen Ueleg areiwen (z. B. mat Rapsueleg, oder mat veganer Margarinn)
Dann ëmmer ronn ee groussen Zoppeläffel vun der Mëschung an d'Pan ginn
Waarde bis vill Bullen uewen um Paangech sinn, an dann de Paangech op déi aner Säit dréien
De Paangech pur genéissen, oder mat Pudderzocker, veganer Schlagsan an Äerdbieren