Liesen, entdecken, lauschteren a spillen. D'Bicherwoch(en) bidde flott Aktivitéiten fir d'ganz Famill. De Biodiversum, dee wonnerschéi geleeën ass matten am Naturschutzgebitt Haff Réimech zu Rëmerschen, proposéiert nach bis den 24. Februar 2023 d'Bicherwoch(en).
D'Kerstin Rose, déi fir déi pedagogesch Projeten am Centre nature et forêt Biodiversum Camille Gira zoustänneg ass, huet eis déi lescht Deeg scho vill Interessantes verzielt iwwer déi Bicherwoch(en). Dës Kéier kucke mir nach op e Bastelatelier fir Kanner, den 19. Februar 2023.