Dauer: ronn 40 Minutten
Mir brauchen:
400-500 g wäiss Bounen (aus dem Glas oder dréchen)
Ronn 2 Glieser Räis (Langkorn Räis oder Basmati Räis)
Ronn 6 Glieser kaalt Waasser
1 Kaffisläffel Salz
1 Zwiwwel
6 Zoppeläffelen Olivenueleg
2 Zoppeläffelen Tomate-Konzentrat
1 Kaffisläffele Chili Flacken oder Pul Biber (tierkescht Paprika-Pudder)
1 Zoppeläffel Geméisbouillon-Pudder
Virbereedung:
Falls et dréche Boune sinn, fir e puer Stonne mat Waasser opkachen
2 Zoppeläffelen Olivenueleg an een Deppe ginn, an de Räis doran ubroden
Gutt verréieren an no 2 Minutten 2 Glieser kaalt Waasser dobäi schëdden
Ëmmer erëm neit Waasser dobäi schëdden, bis de Räis gutt mëll ass
De Räis op d'Säit stellen
D'Zwiwwel a kleng Stécker schneiden
An ee grousst Deppe 4 Zoppeläffelen Olivenueleg ginn, d'Zwiwwelen doran ubroden an no e puer Minutten d'Bounen, den Tomatepüree, de Bouillon, d'Chili-Flacken doran ubroden
Ronn 200 ml kachend Waasser dobäi ginn a fir e puer Minutte weider kache loossen
De Räis op den Teller zerwéieren an d'Bounen uewen drop
Als Dekoratioun kann een nach frësche Péiterséileg drop maachen
Quell: Buch "Orient trifft Vegan" - Serayi