Gebuer gouf den George Washington den 22. Februar 1732. Mat 15 hält hie mat der Schoul op, krit mat 17 eng Plaz als Geometer a kënnt mat 21 an d'Lokal-Miliz vu Virginia, wat deemools nach eng brittesch Kolonie war. Politesch aktiv gouf den George Washington Enn de 1760er Joren, hie kämpft am Onofhängegkeetskrich a gëtt de 4. Februar 1789 zum éischte President vun den USA gewielt. Hie sollt dat bis 1797 bleiwen. Zwee Joer méi spéit stierft hien am Alter vu 67 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 234 Joer éischten US-President
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min