Aktuelles
8 Joer Prisong mat deelweis Sursis fir den Haaptugekloten
3 min
Aacht Joer Prisong, dovunner véier Joer fest a véier Joer mat Sursis probatoire souwéi eng Geldstrof fir den Haaptbeschëllegten a fënnef an en halleft Joer Prisong fir den zweete Beschëllegten, dovunner d'Hallschent mat Sursis probatoire, dat war de Requisitoire gëschter vum Parquet am Prozess ëm zwee fréier Gemengebeamte vun Hesper. Si sollen déi Hesper Gemeng wärend 20 Joer ëm iwwer 5,2 Milliounen Euro geschiedegt hunn, dat iwwer fiktiv Rechnungen a fiktiv Gesellschaften. Faux, Escroquerie, Blanchiment an zum Deel och Korruptioun ginn den zwee Ex-Beamte virgehäit. Fir deen drëtte Beschëllegten, en Entrepreneur, huet de Parquet 18 Méint Prisong mat integralem Sursis gefrot. Haut sinn d'Plädoyere vun de Affekote vun den zwee Haaptugekloten. De Jacques Ganser mat Detailer
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)