Dauer: Virbereedung 10 Minutten a Kache 40 Minutten
Mir brauchen:
2 Zoppeläffel Olivenueleg
1 Zwiwwel
3 Knuewelek-Zéiwen
Ronn 450 g Champignone
250 g Risotto-Räis
Ronn 1 l Geméis-Bouillon
Eventuell vegane Kéis oder Hiefflacken
Salz a Peffer
Eventuell frëschen Thymian, Péiterséileg oder Rucola-Zalot
Virbereedung:
D'Zwiwwel, d'Knuewelek an d'Champignonen a Stécker schneiden
Den Olivenueleg an engem groussen Deppen opwiermen
D'geschnidden Zwiwwel a Knuewelek-Zéiwen fir e puer Minutten an der Pan broden
D'Champignonen a Stécker dobäi ginn a fir e puer Minutten broden
De Räis dobäi ginn a fir e puer Minutten broden, dauernd de Räis weider réieren
Ronn 200g Geméis-Bouillon dobäi ginn, a fir ronn 10 Minutte kache loossen
Dann de Rescht Geméis-Bouillon lues a lues dobäi ginn, an dotëscht ëmmer erëm gutt verréieren
Wann de Risotto-Räis gutt mell ass, de Rescht vum Bouillon net weider benotzen, de Gas erofdréien an de vegane Kéis oder d'Hiefflacken dobäi mëschen
Eventuell Salz a Peffer dobäi ginn
Eventuell e bësse wäisse Wäi beim Kachen dobäi mëschen