Gebuer gouf den Eugène Berger de 4. Dezember 1960 zu Beetebuerg. Zanter sengem 12. Liewensjoer ass hien en aktiven Alpinist, realiséiert den 1. Oktober 1992 säi groussen Dram a steet als éischte Lëtzebuerger um héchste Bierg op der Welt, dem Mount Everest. No deem Exploit engagéiert sech den Eugène Berger politesch, gouf 1994 eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Vun 1999 bis 2004 war hie Staatssekretär fir Ëmwelt an zanter de Walen vun 2013 Fraktiounschef vun der DP an der Chamber. Hie stierft haut op den Dag virun dräi Joer, den 21. Januar 2020, am Alter vun 59 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun dräi Joer stierft den Eugène Berger
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min