Bewosst Gesond
Insekten a Larven als Liewensmëttel: Potential fir d'Zukunft?
10 min
D'Sécherung vun der weltwäiter Ernärung, also e Minimiséiere vun der Ënnerernärung an eng Deckung vum Liewensmëttelbedarf vun eiser wuessender Weltbevëlkerung ass eng vun de gréissten Erausfuerderunge ginn.
An iwwer 100 Länner sinn Insekten elo schonn e Grondnarungsmëttel. Fir westlech Konsumente kéinten d'Insekten eng wäertvoll Alternativ zum konventionelle Fleeschkonsum (Rand- a Schwéngefleesch, Hingerfleesch, ...) bedeiten. Virun allem si se Quelle vu wichtegen Eewäissstoffer fir de Mënsch.
Insekte kënnen dozou bäidroen d'Fleeschproduktioun signifikativ ze reduzéieren. D'Zuucht vu Käfferen a Raupen als Nahrungsmëttele kënnen och hëllefen d'Produktiounsflächen ze verklengeren a gläichzäiteg héichwäerteg Liewensmëttele sécherzestellen.