De Caspar Mathias, ofgekierzt C.M., Spoo kënnt de 7. Januar 1837 op d'Welt. Well d'Eltere fréi stierwe fänkt hien a jonke Joren un am Staatsdéngscht ze schaffe fir seng Gesëschter iwwer Waasser ze halen. Hie gëtt seng Plaz op a grënnt mam André Duchscher d'Wecker Schmelz. 1888 grënnt hien zu Esch-Uelzecht eng Quincaillerie, engagéiert sech politesch, gëtt 1893 an den Escher Gemengerot an 1896 an d'Chamber gewielt. Den C.M. Spoo setzt sech fir dat allgemengt Walrecht, fir eng successiv Besteierung a fir allgemeng Sozialversécherungen an. Hie fuerdert de Bau vum Meedercherslycée zu Esch an datt de Kanton Esch besser an der Chamber vertrueden ass. Hie stierft de 17.3.1914 zu Esch-Uelzecht am Alter vu 77 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 186 Joer gëtt de Caspar Mathias Spoo gebuer
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.