Den Auguste Nicolas Trémont studéiert zu Paräis op der Ecole nationale supérieure des arts décoratifs. Vum Éischte Weltkrich gouf hien zu Lëtzebuerg iwwerrascht, kënnt net zeréck an déi franséisch Haaptstad a schafft am Diddelenger Stolwierk als Zeechner. Nom Krich geet et zeréck op Paräis, wou hie weider studéiert, Portraiten a Biller moolt a seng Léift fir Déieren entdeckt. 1930 realiséiert hien déi zwee grouss Léiwen, déi haut virum Gemengenhaus um Knuedler an der Stad stinn. Den Auguste Nicolas Trémont stierft den 23. Oktober 1980 am Alter vu 87 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 130 Joer gouf den Auguste Nicolas Trémont gebuer
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min