Dauer: 30 Minutten
Mir brauchen:
2 Bliederdeeg-Rullen (am beschten rechteckeg)
200 g Hieselnëss
1/2 Kaffisläffel Salz
150 g Schockela (donkel oder wäiss)
200 g Spekulatius-Crème
e puer Zoppeläffelen Ahornsirop
Virbereedung:
Uewen op 180 Grad Celsius opwiermen
Nëss fir 10 Minutte baken
De Schockela an d'Spekulos-Crème am Bain-Marie schmëlze loossen
Dëse Mix zesumme mat den Nëss mixen, bis alles eng eenzeg Crème ass
1 Bliederdeeg op ee Bakblech ausrullen an de Mix a Form vun engem Chrëschtbam drop ginn
Deen anere Bliederdeeg dropleeën an de Chrëschtbam erausschneiden
Lénks a riets jeeweils een Aschnëtt maachen, an der Mëtt ronn 2 cm fräiloossen
All Aschnëtter jeeweils mat den Hänn dréien
Uewe mat enger Stäreform ee Stär formen
De Chrëschtbam fir ronn 20 Minutten bei 18 Grad Celsius baken
mat Pudderzocker dekoréieren
de Rescht Deeg entweder nach eemol rullen, oder unhand vu Formen als Kichelcher baken