"Besonnesch elo am Wanter, si Rezepter mat Leguminosen (Lënsen, Bounen asw.) a Wantergeméis, wéi Muerte vun alle Faarwen, Knollen, Kabes, Kolraben asw. besonnesch gënschteg a ganz narhaft.
Eng ofwiesslungsräich a gesond Ernärung muss net deier sinn. Wann ee selwer kacht an d'Reschter op eng kreativ Aart weiderverwäert, schount ee säi Portmonni. Mat enger gutt geplangter Akafslëscht, dem Vermeide vun Offäll a mam Kaf vu regional a saisonale Liewensmëttel spuert een och. Méi planzlech Liewensmëttel wielen, keng Fäerdegprodukter kafen, Snacken a Gedrénks fir ënnerwee selwer zoubereeden ass net just méi bëlleg, mee och meeschtens méi gesond."
Informatioune mat der Dieteticiene Sylie Paquet