Dauer: 6 Stonnen
Fir d'Focaccia brauche mir:
400 wotlecht Waasser
1 Kaffisläffel (ca. 9 g) dréchen Hief
1 Kaffisläffel Zocker
1 Kaffisläffel Salz
470 g Weessmiel
1 Zoppeläffel Olivenueleg
Rosmarin
Grafft Salz
Zoubereedung:
An enger Schossel d'Waasser, d'Hief an den Zocker vermëschen
D'Miel, d'Salz an den Ueleg dobäi mëschen
Den Deeg fir 4 Stonnen bedeckt roue loossen
Eng rechteckeg Bakform mat Olivenueleg aschmieren an den Deeg dobäiginn
Den Deeg fir 1 Stonn bedeckt roue loossen
Den Deeg nach eemol gutt an der Bakform verdeelen, mat de Fangerspëtzten e puer Lächer dran drécken, Rosmarin a grafft Salz dobäiginn
Den Deeg fir 25 Minutte bei 220 Grad Uewen-/Ënnen Hëtzt baken
Ofkille loossen an einfach esou oder als Sandwich genéissen