45 Joer war d'Groussherzogin Charlotte un der Spëtzt vu Lëtzebuerg. Mam Iwwerfall vun Nazi-Däitschland op Lëtzebuerg goung si mat hier Famill an den Exil a koum den 14. Abrëll 1945 nees zeréck. De Prënz Jean war den 10. September 1944 zesumme mat sengem Papp, dem Prënz Felix, bei den alliéierten Truppen, déi Lëtzebuerg befreit hunn. De Prënz Jean gouf den 12. November 1964 deen aachte Groussherzog vu Lëtzebuerg. No bal 36 Joer um Troun dankt hien de 7. Oktober 2000 zu Gonschte vu sengem Bouf dem Prënz Henri of.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Trounwiessel zu Lëtzebuerg virun 58 Joer
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.