Säin Ingenieur zu Oochen gemaach, fänkt den Aloyse Meyer 1903 op der Diddelenger Schmelz am Konstruktiounsbüro un. Bannent e puer Joer bréngt hien et zum Direkter, wiesselt an d'Zentral vun der ARBED a gëtt hei 1920 Generaldirekter. Am Laf vun de Joren ass hie President vun der Chambre de Commerce, der Europäescher Stol-Unioun, President vum Verwaltungsrot vun der Bourse a President vum Verwaltungsrot vun Heintz Van Landewyck. Vun der Gestapo am September 1944 an Däitschland verschleeft, kënnt den Aloyse Meyer am Abrëll 1945 kuerz virum Enn vum Zweete Weltkrich nees fräi. Hie stierft den 3. Mee 1952 am Alter vun 68 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 139 koum den Aloyse Meyer op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min