Dauer:
Preparatiounszait: 10 Minutten
Bakzäit: 35 Minutten
Insgesamt Zäit: 40 Minutten
Fir de Kuch brauche mir:
Bottermëllech: 240 ml Mellech an 1 Zoppeläffel Äppelesseg
450 g Miel
2 Kaffisläffel Backpulver
1 Kaffisläffel Baksoda
350 g Kristallzocker
220 g Margarinn oder Botter
240 g Jughurt (Natur oder Vanill) oder Äppelkompott
2 Zoppeläffel Vanill-Extrakt (fest oder flësseg)
Fir d'Bottercrème brauche mir:
200 g Margarinn, geschmolt
200 g Pudderzocker
1 Kaffisläffel Vanill-Extrakt (fest oder flësseg)
2-4 Zoppeläffel Mëllech
Zoubereedung:
De Schäffchen op 180 Grad Celsius virhëtzen
Zwou ronn Kuchforme vun ca 26 cm mat Kachueleg areiwen, dann de Bakpabeier dropleeën an nach eemol mat Kachueleg areiwen. Op d'Säit leeën
Déi vegan Bottermëllech virbereeden. Dofir d'Mëllech mat dem Äppelesseg mëschen a fir 5-6 Minutten op d'Säit sëtzen
An enger Schossel d'Miel, d'Backpulver an de Baksoda zesumme mëschen an op d'Säit leeën
Den Deeg maachen (an engem Standmixer mat Paddelopsaz oder enger grousser Schossel mam Handmixer): Margarinn an Zocker bis ganz cremeg mixen, ongeféier 2-3 Minutten
De Jughurt an de Vanill-Extrakt dobäi ginn. Op mëttlerer Vitess mixen bis alles eng Mass ass
Ongeféier d'Hallschent vun der dréchener Mëschung zesumme mat der Hallschent vun der veganer Bottermëllech bei mëttlerer Vitess mixe bis alles eng Mass ass
De Rescht vun der dréchener Mëschung a vegan Bottermëllech op mëttlerer Vitess mixen
Den Deeg tëschent den zwee Kuchforme gläichméisseg verdeelen a fir 35 Minutten baken (mat engem Zahnstocher drapicken, wann deen dréchen a propper erauskënnt, dann ass de Kuch gutt).
De Kuch aus dem Uewen huelen an déi zwee Kuche fir 10 Minutten ofkille loossen an duerno an de Frigo stellen
Wa komplett ofgekillt, d'Bottercrème virbereeden.
Schrëtt fir d'Bottercrème (Frosting):
D'Margarinn mixe bis se cremeg gëtt, fir ca. 2-3 Minutten
1 Taass Pudderzocker gläichzäiteg dobäi ginn, weider mixe bis datt et eng déck Bottercrème ass
D'Vanill an 2-4 Kachläffele Mëllech dobäi mixen
D'Bottercrème op déi éischte Schicht vum Kuch ginn, dann déi zweet Schicht Kuch dropleeën, an dann de Rescht Bottercrème drop a ronderëm de Kuch verdeelen
Fir nach méi een dekoratiivt Ausgesinn, z. B. faarweg Zockerstreisel um Kuch verdeelen.