Musek studéiert d'Helen Buchholtz a jonke Joren zu Lonkech. Hiert Wëssen an der Kompositioun huet si sech zum gréissten Deel autodidaktesch ugëeegent, awer och mat verschiddene Museker zesummegeschafft. Zu Liefzäiten huet si nëmme 16 Kompositioune publizéiert, déi aner goufen no hirem Doud bal all ewech gehäit, konnten awer quasi a leschter Minutt vun hirem Neveu gerett ginn a bloufe 45 Joer onentdeckt. Zum Repertoire vun der Helen Buchholtz gehéieren 38 Charakter-Stécker fir Dänz a Piano, aacht Wierker fir Symphonieorchester, sechs Wierker fir Harmonieorchester, 19 fir Chouer an 53 Lidder.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 69 Joer stierft d'Helen Buchholtz
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min