Den 8. Oktober 1955 huet zu Paräis um Autosalon de franséische Konstrukteur Citroën den Nofollger vun der 23 Joer aler Traction Avant presentéiert, de Citroën DS. Schonn den éischten Owend vum Salon soll den Konstrukteur 12.000 Bestellungen enregistréiert hunn, zum Schluss vum Salon wären et der 80.000 gewiescht, ee Chiffer, dee vu ville bezweifelt gouf, an et gouf éischter vun engem geniale Marketing-Coup geschwat. Den Design an d'Technik vun der DS war ee grousse Fortschrëtt am Verglach mam Virgänger, awer och am Verglach mat de Modeller vun der Konkurrenz. Bis zum Produktiounsstopp, de 24. Abrëll 1975, goufe bal 1,5 Milliounen Exemplare gebaut.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 67 Joer gouf e Kultauto presentéiert
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.