Gebuer gouf de Schoulmeeschter, Alpinist a Politiker Eugène Berger de 4. Dezember 1960 zu Beetebuerg. Zanter sengem 12. Liewensjoer war hien een aktiven Alpinist. Seng Passioun huet hien 1982 op d'Spëtzt vu sengem éischten Aacht-Dausender geféiert, dem Nanga Parbat. 1989 geet et op de Gasherbrum, an den 1. Oktober 1992 dann op de Mount Everest, wouduerch hien deen éischte Lëtzebuerger um héchste Bierg op der Welt war. Säin Exploit gouf mat der Wiel zum Sportler vum Joer gekréint. Seng Popularitéit bréngt hie, spéider an d'Politik wou hie fir d'DP an der Chamber war a vun 1999 bis 2004 Staatssekretär fir Ëmwelt. Den Eugène Berger stierft den 21. Januar 2020 am Alter vun 59 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 30 Joer: Eugène Berger um Mount Everest
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min