D'Golden Milk huet hir Originnen am Ayurveda, enger traditioneller indescher Heelkonscht. Zemools am Hierscht an och am Wanter kann dëst waarmt Gedrénks engem dobäi hëllefen, den Immunsystem op Trap ze halen - an dobäi ass et och eppes Séisses.
Golden Milk / Kurkuma Latte
Fir eng Taass braucht Dir:
1 Kaffisläffel Kurkuma-Gewürzpudder
1,5 Kaffisläffelen Zimt-Gewürzpudder
1 Prise schwaarze Peffer
E puer Drëpse Maple Syrup/ Agavendicksaft
Genuch vegan Mëllech fir eng Taass
Zoubereedung:
Mëllech an enger Pan opwiermen
Wärenddeem d'Kurkuma-Gewürzpudder, d'Zimt-Gewürzpudder, de Peffer an de Maple Syrup/Agavendicksaft dobäi réieren
Alles gutt vermëschen, am beschte mat engem klenge Schnéibiesem
Zwou Minutte kache loossen