Aktuelles
Gaspräishausse soll op 15 % gedeckelt a Stroumpräis agefruer ginn
5 min
An der Tripartite gouf gëschter Owend e prinzipiellen Accord tëschent der Regierung an de Sozialpartner annoncéiert fir d'Stéit an d'Betriber ze entlaaschten an d'Inflatioun ze bremsen. De Käschtepunkt vum Hëllefspak läit bei eppes méi wéi enger Milliard Euro. Vum 1. Oktober u soll de Gaspräis gedeckelt ginn, op maximal 15 Prozent méi wéi elo. De Mazout soll 15 Cent de Liter manner kaschten. An de Stroumpräis soll agefruer ginn. D'TVA soll ëm ee Prozent erofgesat ginn. Detailer vum Pierre Reyland