Den 9. Oktober 1981 schaaft de President François Mitterrand d'Doudesstrof a Frankräich of. Déi lescht Hiriichtung war den 10. September 1977, haut viru 45 Joer, an dat duerch eng Guillotine. D'Guillotine, laut Wikipedia een Dispositiv fir eng Doudesstrof duerch Käppen ze vollstrecken, ass benannt no hirem Erfinder, dem Dokter Joseph-Ignace Guillotin. Wéi Lëtzebuerg 1795 vu franséischen Truppe besat gouf, koum och hei am Land d'Guillotine zum Asaz, eng éischte Kéier de 24. September 1798, eng leschte Kéier den 20. Februar 1821. D'Guillotine, déi um Glacis an um Fëschmaart agesat gouf, ass haut des Daags am Musée Dräi Eechelen ze gesinn.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 45 Joer a Frankräich
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min