Aktuelles
Tierkei: d'Museksbranche ënner strenger Kontroll
5 min
D'Tierkei ass eigentlech eng Demokratie, an där Meenungsfräiheet gëlle sollt. Mee d'Realitéit ass eng ganz aner: d'Trennung tëschent Staat a Relioun steet do mëttlerweil just nach um Pabeier, soen Observateuren. An dat kréien elo och Museker:innen ze spieren, wéi zum d'Beispill d'Gülsen. Si gouf d'lescht Woch festgeholl, no enger Remark - op engem Concert - iwwer déi reliéis Schoulen, op déi och den tierkesche President gaangen ass. Antëschent ass si erëm doheem, mee ënner Hausarrest. Hire Fall ass symptomatesch fir déi aktuell Politik an der Tierkei.
Dozou ee Bäitrag vun Istanbul, vun der ARD-Korrespondentin Karin Senz
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)