Aktuelles
Alldag am Krich: D'Helena Shapoval vu Kharkiv erzielt
4 min
Zanter dem russeschen Ugrëff op d'Ukrain ass den Numm Kharkiv villen e Begrëff. Eng Notorietéit, op déi d'Awunner vun der zweet-gréisster ukrainescher Stad sécher gäre verzicht hätten.
D'Helena Shapoval lieft zu Kharkiv. Genee wéi eng e puer Honnertdausend aner Awunner, manner wéi ee Fënneftel vun deenen, déi virum engem Joer nach do gelieft hunn, huet si decidéiert och nom Krichsausbroch zu Kharkiv ze bleiwen. An enger Stad, knapp 40 Kilometer wäit ewech vun der ukrainesch-russescher Grenz.
D'Vesna Andonovic huet déi 31 Joer al Fra getraff, déi fir eng Kanddaf op Lëtzebuerg komm ass. E klengt Stéck Normalitéit, éier et erëm an de Krichsalldag an hirer Heemechtsstad zeréckgeet.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)